D'Solvay-Konferenzen (och alt Solvay-Kongress, -Conseil oder -Comité genannt) si wëssenschaftlech Konferenzen an de Beräicher Physik a Chimie, déi zanter 1911 an ënnerschiddlechen Ofstänn (zanter dem 2. Weltkrich: gewéinlech all dräi Joer) organiséiert ginn. Si goufen nom belsche Cheemiker an Industriellen Ernest Solvay genannt, deen déi éischt Konferenz gesponsert hat, an och Mäzen vu weidere Konferenze war, déi vum Institut international de physique et de chimie, dat hie gegrënnt hat, organiséiert goufen. D'Iddi geet op de Walther Nernst zeréck, deen 1910 en internationale Kongress vu (maximal 25) Physiker um héchsten Niveau wollt organisieren, fir déi fundamental Problemer vun der Physik ze diskutéieren. Op der éischter Solvay-Konferenz vun 1911 koum dann och déi deemoleg Weltspëtzt vun den experimentellen an den theoreetesche Physiker zesummen. Duerch déi Konferenze koum et zu wichtege Fortschrëtter an der Quantemechanik. Déi éischt iwwer d'Theorie vun der Stralung a Quante war vum 30. Oktober bis den 3. November 1911 am Hôtel Métropole zu Bréissel.
Developed by StudentB